De 17. Juni hu sech d’Schüler*Innen vun der 2GNSF a 2GSN op Esch-Belval beginn, fir am Science Teen Lab un engem spannenden Atelier iwwer d’DNA deelzehuelen.
Am moderne Labo konnten si, wéi richteg Fuerscher, selwer DNA aus E. coli-Bakterien extrahéieren an analyséieren. De Workshop huet praktesch Experimenter mat theoreetesche Kenntnisser verbonn – d’Schüler hu geléiert, wéi d’Genetik funktionéiert an hu wichteg Schrëtt vun der molekularer Biologie kennegeléiert.
D’Aktivitéit huet hinne gutt gefall a si konnten en authentesche Bléck an d’Welt vun der Wëssenschaft kréien.
Begleeder: Claude Eschette, Max Rodenbourg
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy