Stroossbuerg 2023:

D’Theorie mat der Praxis ze verbanne stoung den 10. an den 11. Juni fir déi Jonk vun der 2GSO1 an der 2GSO2 um Programm. D‘Welt ze entdecke mécht sech nëmme bedéngt aus der Klass eraus, dofir hunn d’Schülerinnen an d‘Schüler, zesumme mat 5 Enseignantë, eng Rees an den Elsass organiséiert. Als éischt Etapp gouf d’Konzentratiounslager Struthof-Natzweiler an der Géigend vu Stroossbuerg ugesteiert. De Site, wou och iwwert 400 Lëtzebuerger vun den Nationalsozialiste wärend dem 2. Weltkrich gefaange gehalen an/oder ëmbruecht goufen, temoignéiert, och 80 Joer dono, nach ëmmer wat am Numm vu mënscheveruechtenden Ideologien, Mënsche bereet sinn anere Mënschen unzedinn. Am Virfeld haten den Här Huss an den Här Thill vun der Amicale Natzwéiler déi Jonk wärend engem Nomëtten an der Schoul op dës Visitt virbereet. Mat villen Informatiounen awer och Anekdoten am Gepäck hunn si dunn den 10. Juni dëse beandrockenden awer och beklemmende Site entdeckt.

Déi zweet Etapp vun der Rees war d’Visitt vum Europäesche Parlament zu Stroossbuerg. De Lëtzebuerger Europadeputéiert Charel Goerens huet de Jonke moies wärend enger Stonn Ried an Äntwert gestanen zu Froen iwwert Federalismus a Souveränismus; Tierkéibäitrëtt, de Krich an der Ukrain, d‘Roll vu China an der Welt a wat dat fir d’EU bedeit. De Plenarsall mat live Ofstëmmung zum Fëschereigesetz, eng Visitt vun de Gebailechkeeten an e Mëttegiesse mam Här Goerens  hunn dësen Echange ofgeronnt.

Skip to content