De Kniwweldag 2026 am LTEtt:

Och dëst Joer huet de «Kniwweldag» hei am LTEtt stattfonnt!

Op dësem Dag kréien all eis 6e-Schüler d’Geleeënheet an déi verschiddenst Atelieren eranzeluussen an esou hiren Interessi ze erweideren oder och hiert eent oder anert verstoppten Talent an nei Kompetenzen ze entdecken! Dëst Joer konnte si zum Beispill léieren wéi een e Podcast ophellt a Fotoportraiten mécht; handwierklech konnte si an d’Beräicher Metall, Holz oder Elektronik eraschnupperen. Och eis Coiffeursektioun war nees vertrueden – hei gouf geléiert flechten a mam Glätteise schaffen. Gekniwwelt gouf mat Lego an och hir eegen Dreamcatcher konnten d’Schüler bastelen. Dir gesitt, et war erëm vun allem dobäi! Merci un all déi Bedeelegt déi dat all Joer méiglech maache fir eis Schüler! 😊

Skip to content