E Bléck hannert d'Kulisse vun enger sozialer Entreprise:

Am Kader vun de Business Days hunn eis 3GCMP/F-Klassen den «Atelier Hondsburren» vun der ATP a.s.b.l. zu Wolz besicht. Dësen therapeuteschen «Atelier protégé» vun der ATP asbl ënnerstëtzt Leit mat enger psychescher Krankheet bei hirer psychosozialer Rehabilitatioun an hirer Reintegratioun an d’Aarbechtswelt. Si produzéieren ënner anerem Müslirigelen, ronn 36.000 Stéck d’Joer.

 D’Schüler:innen hunn all d’Etappe vun der Produktioun gesinn. Si hu gewise kritt, wéi den Atelier seng Zutate lokal a gréisstendeels bio akeeft. Fir nach méi lokal ze ginn, produzéieren oder transforméieren si verschidde Produiten och ëmmer méi selwer.

Duerno gouf iwwer d’Philosophie vum Projet geschwat, a wéi d’Rigele vermaart ginn. Eng Degustatioun vun de verschiddenen Zorten an en Tour duerch de Geméisgaart hunn de Besuch ofgeronnt.

Uschléissend hunn d’Klassen e Business-Plang an engem Workshop “Pitch your business” an der Chambre de Commerce an an der Schoul ausgeschafft, fir hir eege Rigelen, déi se beim Atelier wäerten akafen, ze vermaarten.

Villmools Merci un d’Equipe vum ATP Hondsburren an der Chambre de Commerce fir de flotten Empfang!

Skip to content