Een Abléck an d'Aarbecht vun enger Gemeng:

D’Klass 3GCMP hat d’Geleeënheet un engem interessante Rondgang an der Gemeng Mamer deelzehuelen. D’Francine Closener huet de SchülerInnen gewisen, wéi eng Gemeng organiséiert ass a wéi si am Alldag funktionéiert.

Wärend der Visitt hunn si vill iwwer déi verschidde Beruffer an enger Gemeng geléiert an erausfonnt wéi déi eenzel Servicer zesummeschaffen. Ausserdeem kruten si Erklärungen dozou, wéi Gemengen ënnerenee kooperéieren, fir gemeinsam Aufgaben a Projeten ëmzesetzen.

Dëse Rondgang huet hinnen ee gudden Abléck an d’Aarbecht vun enger Gemeng ginn an och gewisen, wéi wichteg d’Gemenge fir d’Liewe vun de Biergerinnen a Bierger sinn.

Skip to content