De 24. Abrëll war d’Klass 3GCMP1 mat hiren zwee Enseignanten op engem flotten an interessante Schoulausfluch an d’Geriichtsgebai op Dikrech. D’Schülerinnen an d’Schüler haten do d’Geleeënheet, zwee reell Fäll mat ze verfollegen an esou en direkten Abléck an d’Aarbecht vun der Justiz ze kréien.
Nom Besuch am Sall gouf et een Atelier, bei deem si selwer aktiv gi sinn: Si sinn an d’Rolle vun de Geriichtsdénger, de Staatsaffekoten, den Affekoten, den Affer an de Kläger geschlüpft an hunn zesummen e Prozess nogespillt. Dat war net nëmme spannend, mee och eng flott Méiglechkeet, d’Theorie an d’Praxis ëmzesetzen.
Zum Ofschloss vum Dag konnten d’Schüler nach Froen un zwee Experten aus der Justiz stellen, wat fir vill interessant Diskussioune gesuergt huet.
De ganzen Dag war eng super Erfarung fir jiddereen: Léierräich, interaktiv a gläichzäiteg och richteg cool!