Norderney-Atelieren - D'3GPS(F) deelt hir Erfarunge mat de 5G-Schüler:

Nodeems eis 3GPS(F) an 3GSN(F) e puer flott a léierräich Deeg an hirem Stage op der Norderney erlieft hunn, wëllen si hir Andréck an dat gesammelt Wësse mat de 5G-Schüler deelen.

Esou kréie si een Androck vun deem wat een alles op dëse Sektioune kenneléiert an et hëlleft deem een oder aneren eventuell beim Choix no der 5e.

Dofir gouf och dëst Joer zum Ofschloss vun der Norderney-Rees een Evenement mat ville flotten Atelieren organiséiert an d’5G Schüler ware mat groussem Interessi dobäi.

Skip to content