No enger klenger Intro zum éischte Weltkrich duerch eis Proffen aus der Connaissance du Monde, wosste mir du schonn, wat eis erwaarde géif. No enger Busfaart vun ongeféier 2 Stonnen, hu mir dunn déi éischt Undenke vun der « Grande Guerre » aus dem fréien 20. Joerhonnert gesinn. De Bus ass vun der normaler Strooss op eng méi kleng gefuer. Et huet éischter gewierkt, wéi ee gudde Bësch- respektiv Feldwee. Um Rand vun dem, liicht am Bësch konnt een du well déi éischt Bunker erkennen. Et konnt een sech domadder eng éischte Kéier virstellen, wéi virun iwwer 100 Joer genau do wou mir lo grad gefuere si, gekämpft gouf, Zaldote verwonnt, verstümmelt an ëmbruecht gi sinn. Wéineg méi spéit si mir du beim Ossuaire vun Douaumont ukomm. Do wou ongeféier 130.000 franséisch Zaldoten, déi een net zouuerdne konnt, begruewe sinn. Mir kruten du schliisslech déi lescht Instruktioune vun de Proffen, déi eis an zwou Gruppen agedeelt haten. Duerch d’Fënstere konnte mir d’Iwwerreschter vu Schanken a Skeletter gesi, déi net begruewe gi sinn.
Kuerz drop si mir dunn ëm den Ossuaire gaange, wou een dunn sou richteg d’Form erkenne konnt. Et ass ee Schwäert, wat an de Buedem gestach gouf, als Symbol fir de Fridden. Virum Ossuaire ass ee grousse Kierfecht, ongeféier 16.000 franséisch Zaldote leien do, vun deene meeschte weess een do den Numm.
No der Visitt, si mir du kuerz getrëppelt, wou een dunn e bëssen duerch ee Schützegruef goe konnt. Um Zil ukomm, stounge mir du virun enger grousser Festung, dem « Fort de Douaumont ». Do virdrun hu mir kuerz gewaart, bis ee Guide eis matgeholl huet. Vun do un, si mir dann déi Festung era gaangen, wou hien eis du Kummer fir Kummer, Raum fir Raum duerchgefouert huet an eis Informatiounen zu dem Fort vu Virkrichszäiten an zu der Krichszäit.
Wéi eis visite guidée fäerdeg war, si mir nach kuerz op de Fort ropgaangen, fir datt mir eis besser virstelle konnten a wéi enger gudder Lag déi Festung gebaut gouf, fir sech virun allem virun dem wuessenden däitsche Räich ze schützen, wat virum éischte Weltkrich schonn d’Alsace-Lorraine vu Frankräich ofgeholl hat.
Vun do un, si mir dunn erëm an eise Bus geklommen, dee schonns op eis gewaart huet. Mir sinn du bësse gefuer, bis mir bei engem Parking ukomm sinn. Donieft war ee Musée. Mir woussten also scho wouhinner et no eiser klenger Mëttegpaus goe géif. Eis Erwaardunge goufen awer net erfëllt, wéi mir dunn op eemol ze Fouss opgebrach si fir op « Fleury », een Duerf wat am 1. Weltkrich iwwer 10 mol vun däitschen a franséischen Truppen erobert gouf, ze goen. Erwaart hu mir eis do, villäicht e puer zerstéiert Gemaier ze gesinn. Wou mir ukomm sinn war näischt do. Just Landschaft mat engem Relief gezeechent vu Bommen a Granaten, déi explodéiert sinn. Dat eenzegt wat steet ass eng Kierch. Zimmlech séier krute mir dunn awer erkläert, datt déi eigentlech net do stéing, wann se net fir ze Gedenke rëm opgebaut gi wier. Iwwerall um Relief sinn da wäiss Steng. Si hunn eng Plackett déi weist, wéi eng Betriber an Haiser do stoungen. Nodeems mir do waren, si mir du schlussendlech an dee Musée gaangen nieft deem mir um Parking eis Mëttegpaus haten. Do ware mir zimmlech op eis eleng gestalt, awer matt enger Missioun. Mir sollten dat fotograféieren, wat eis am meeschten an d’Ae stécht, respektiv iwwerrascht. De Musée war zimmlech detailléiert. Nogemaachene Buedem vum Schluechtfeld, Uniformen, Waffen a souguer Fliger, déi am éischte Weltkrich vir d’éischte Kéier an den Asaz koumen. No enger Stonn hu mir eis erëm op den Heemwee gemaach.
Schüleraarbecht vum Max Mander, 3GSO1