Jonker als EU-Riichter*Innen - Een Atelier vum ZpB:
D’Schüler*Innen aus der Klass 3GSO1 kruten d’Chance, virum offizielle Start, ee Bléck an den neien Atelier vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) ze werfen. Thema vum Dag: d’Europäescht Recht – an dat net just theoretesch, mee op eng spilleresch an interaktiv Aart a Weis. Wéi entscheeden d‘EU- Riichter*Innen, wa Rechter sech géigesäiteg am Wee stinn? D’Schüler*Innen konnten dat selwer erausfannen an hunn sech an d’Roll vun de Riichter*Innen vum Europäesche Geriichtshaff zu Lëtzebuerg gesat. Si hu richteg Fäll analyséiert an decidéiert. Trotz dem schwieregen Thema war d’Stëmmung locker a motivéiert. Et gouf vill diskutéiert, Iddien ausgetosch an e ganz nei Bléckwénkel op Europa an d’Grondrechter geworf. D’Koppel vu Realitéit, Spill a Reflexioun huet d’Schüler*Innen definitiv gepaakt.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy