Ee flotte Moien am Bongert:

En Dënschden hat d’Klass 3GSOF eng bëssi aner Schoulstonn: Zesumme mat hirer Enseignante, engem Direktiounsmember a mat Hëllef vun eisem Service Technique hunn si als éischt am Bongert vum LTEtt Äppel geraf. Well eis Schoul och dat néidegt Ekipement huet fir dës Äppel ze pressen, war hiren nächste Schrëtt leckere Viz ze produzéieren. Fir déi meescht Schüler war dat eng ganz nei Erfarung an trotz dem Bulli am Bongert hunn si sech gutt druginn an hate vill Spaass dee Moien! Lo freeë mir eis all drop dee gudde Viz dierfen ze schmaachen!

Skip to content