Logistik-Cours ausserhalb vum Klassesall:

De 26. Januar haten d’Schüler aus de Klassen 3TPCM1 an 3TPCM2 d’Méiglechkeet d’Entreprise B Medical Systems vun Housen ze entdecken. B Medical Systems ass een Hiersteller vu medezinesche Frigoen an Transportboxen fir Impfstoffer, Bluttkomponenten, Medikamenter an aner temperaturempfindleche Produiten. Wärend der Corona-Pandemie huet d’Entreprise mat senger medezinescher Kälte-Technologie déi sécher Lagerung an de weltwäiten Transport vun COVID-19-Impfstoffer méiglech gemaach.

D’Schüler kruten de Produktiounssite, sou wéi och d’Lager vun der Entreprise gewisen an natierlech och vill interessant Erklärungen. Dës Visitt gouf am Kader vum Logistik-Cours organiséiert.

Merci och un de Joé, Assistant pédagogique hei am LTEtt, deen d’Klassen an den Enseignant deen Dag begleet huet.

Skip to content