Ee flotten Dag am Mëllerdall!

D’3TPCM2 ass den 30. Juni zesumme mam Laura Bartolini aus dem SEPAS a mat der Enseignante Sarah Blum moies mam Bus op Bäerdref gefuer. Do hunn si un engem gefouerten Tour duerch de Mëllerdall deelgeholl. De Guide vum Office du Tourisme, de Marco, huet d’Klass begleet an hinne vill interessant Erklärungen iwwert d’Natur, de Bësch an d’Geschicht vum Mëllerdall ginn.

D’Schülerinnen a Schüler hu vill Neies geléiert – an déi eng oder aner Aventure erlieft! Verschidde Weeër hunn nämlech fir e bësse méi en héije Bols gesuergt 😉. No der Wanderung hunn si zesumme gepicknickt a sinn um 14:00 Auer mam Bus nees zeréck op Ettelbréck gefuer.

Eng Aktivitéit déi definitiv e grousse Succès war!

Skip to content