AKROAMA (Trifolion) :

20.05 Workshop am LTETT
Passend zum Thema vum 3. Trimester “Expression corporelle” huet d’Theateroptioun vun de 4e francophones de Choreograf Brian CA, eng Dänzerin an eng Mediatrice agelueden. An engem Workshop konnten d’SchülerInnen sech kreativ mam Thema an verschiddenen Elementer aus dem Spektakel auserneesetzen. 

22.05 Spektakel am Trifolion
Mat Begeeschterung hunn d’SchülerInnen déi beandrockend kierperlech an emotional Ausdrockskraaft entdeckt. Eng Geschicht iwwer Ongerechtegkeet gouf duerch Beweegung a Kierpersprooch lieweg. 

Begleeder: Laura Steffen a Ben Dratwicki

Skip to content