Ofschlossfest vun der "Mission Nichtraucher" - 08.06.2023:
Eis sechs Schüler vun der 4GSN hunn bei guddem Wierder a grousser Motivatioun ob der Ofschlossfeier vun der Missioun Nichtraucher den 08.06 an der Stad deelgeholl. Dobäi gouf ee klenge Rallye duerch de Stad-Zentrum organiséiert wou se ob verschidde Stänn Froe misste beäntwere ronderëm d Gefore vum Fëmme souwéi och verschidde Sportlech Aktivitéite misste bewältegen.
Donieft hunn d Schüler iwwert dat ganzt Schouljoer u verschidde Quizzen deelgeholl wou d Themen Ofhängegkeet, d Gefore vum Fëmmen ob d Ëmwelt a Passivfëmmen duerchgeholl goufen.
Ee grousse Merci un d’Fondation Cancer fir d Organisatioun!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy