D’Schülerinnen a Schüler aus de Klasse 4GSO (1, 2, 3) an 4GSN hunn am Kader vun hirem Optiounscours de CID besicht, fir um interaktive Workshop mam Titel “Schönheitsdruck in den sozialen Medien“ deelzehuelen.
Am Mëttelpunkt stoung eng kritesch Ausernanersetzung mat der digitaler Welt: Wéi beaflossen onrealistesch Schéinheetsidealer an der “perfekter” Instagram- an TikTok-Welt eist Selbstwäertgefill? D’Schülerinnen a Schüler hunn iwwert d’Gefore vu manipuléierte Biller diskutéiert an analyséiert, wéi de konstante Verglach mat aneren zu Onzefriddenheet a mentalem Drock féiere kann. Duerch deen oppenen Austausch konnten d’Schülerinnen a Schüler léieren, Inhalter méi kritesch ze hannerfroen, amplaz se passiv ze konsuméieren.
Nom Workshop gouf den edukativen Ausfluch mat enger Visitt an der Bibliothéik vum CID ergänzt. Dës Sammlung existéiert scho säit 30 Joer an huet d’Schülerinnen a Schüler gewisen, wou si sech och an Zukunft weider informéiere kënnen.
Rodenbourg Max & Salman Murad