Wëssenschaft entdecken, verstoen a vermëttelen!

Den 19. Juni huet d’4GSO3 am Kader vum Fach SCHUS hiren Ofschlossevent zum Projet „Die großen Wissenschaftlerinnen und Wissenschaftler“ organiséiert. Wärend dem Trimester hunn d’Schülerinnen a Schüler sech mat bedeitende Perséinlechkeeten aus der Geschicht vun der Wëssenschaft beschäftegt, dorënner den Isaac Newton, den Albert Einstein, d’Sylvia Earle an d’Rosalind Franklin. Hir Recherchen hu si a Form vu Plakater an engem eegene Podcast presentéiert.

Als Ofschloss vum Projet hunn si am Sall B101 en interaktive Léierevent organiséiert, op deen d’Klassen 2GSN an 4TPCM2 invitéiert waren. Op verschiddene Statiounen an Ateliere konnten d’Visiteuren hiert Wëssen testen, Erausfuerderunge meeschteren a géinteneen untrieden. Zum Schluss gouf et och e klenge Präis ze gewannen.

De Projet huet de Schülerinnen a Schüler d’Méiglechkeet ginn, net nëmmen hiert Wëssen iwwer d’Wëssenschaft ze verdéiwen, mee och wichteg Kompetenzen ze entwéckelen. Si hu geléiert Informatiounen ze recherchéieren, iwwer verschidde Medie weiderzeginn, e Podcast opzehuelen, Plakater ze gestalten, en Event ze organiséieren an viru Publikum ze schwätzen. Mat vill Engagement, Kreativitéit an Teamgeescht hu si bewisen, datt Léieren och duerch den Austausch an d’Vermëttele vu Wëssen un aner Schüler geschitt. De Projet war fir all Bedeelegt eng flott a léierräich Erfarung.

Merci och un eise Service technique, wéi och dem Michel Klein an dem Yannick Kohl fir d’Laanschtkommen!

Skip to content