Freides, den 2. Oktober, konnten d’Klassen 4GPSF & 4GSNF bei herrlechem Wieder ee flotten an ofwiesslungsräichen Dag am Arboretum vum LTEtt verbréngen. Dobäi haten d’Schülerinnen a Schüler d’Geleeënheet, verschidde Bamaarte kennenzeléieren, méi iwwer d’Natur an hir Villfalt ze léieren a gemeinsam Naturspiller ze entdecken.
Nieft dem Léieren an dem Entdecke stoung och d’Zesummeliewen als Klass am Mëttelpunkt. Duerch déi gemeinsam Aktivitéiten an d’Erfarungen an der frëscher Loft konnten d’Schülerinnen a Schüler sech besser kenneléieren, zesummeschaffen an als Klass méi no zesummewuessen.
Dës Aktivitéit huet gewisen, wéi spannend a wäertvoll et ass, d’Natur mat alle Sënner ze erliewen an dobäi gläichzäiteg de Gemeinschaftsgefill ze stäerken.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy