Fir de Start an dat neit Kapitel «Lycée» an hirem Liewen, sinn all eis 7e-Klassen op d’Base nautique zu Lëlz gefuer. Do hu si zesummen u flotten Teambuildingaktivitéiten, wéi Kayak, Stand-Up Paddle, Mountainbike, Kloteren an nach weidere flotten Aktivitéite mat hirer Klass deelgeholl. D’Personne de référence aus dem SePAS an hire Regent/e hunn si bei den Aktivitéite begleet. Sou kënne si hir Schüler*Innen och mol vun enger anerer Säit kenneléieren an esou hier Relatioun weider opbauen. D’Schüler*Innen hunn sech trotz schlechtem Wieder ganz gutt ameséiert an och gutt matgeschafft!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy