Fir den Ufank vum Schouljoer 2026/2027 sinn d’7e Klassen aus dem LTEtt, tëscht dem 28.September an dem 2.Oktober, een Ausfluch op d’Base Nautique zu Lëlz maache gaangen. Zil war et d’Klasseklima an d’Gruppendynamik an der Klass ze fërderen.
Um Programm stounge verschidde, flott Aktivitéite wéi Kayak, Stand-Up Paddle, Mountainbike, Geocaching, Course d’Orientation a Multi-Golf. Alles an allem war et ee schéinen Dag um Stauséi fir eis Schüler a si hate vill Spaass.
Duerch d’Begleedung vun Enseignanten an der Personne de référence vum SePAS waren d’Schüler*Innen gutt encadréiert a konnte sech bei dësen Aktivitéite besser kenneléieren an de Kontakt zu de Begleetpersounen am Virfeld opbauen fir ee gutt Zesummeschaffen am Schouljoer.