Den 23. Abrëll huet den « Handwierksdag » hei am LTEtt stattfonnt. Et war déi éischte Kéier, dass dësen Dag fir eis 5e-Schüler organiséiert gouf an am Ganzen hu 17 Betriber deelgeholl. D’Dammen an Hären aus dem Patronat hunn sech bis an de fréie Mëtten eran Zäit geholl, fir deene Jonken hire Betrib virzestellen. Zil war et de Schüler hire Choix no der 5e ze vereinfachen, andeems si hir Firma an déi eenzel Beruffsméiglechkeeten, déi et bei hinne ginn, am Detail präsentéieren. Si konnten an deene verschiddene Workshops all hir Froe stellen an et ass ee flotten Austausch zustan komm. Mir hoffen eise Schüler dës wichteg Geleeënheet och an Zukunft bidden ze kënnen an esou an engems de Kontakt mat de Betriber ze intensivéieren. Ee grousse Merci un all Firma, déi sech Zäit geholl huet fir eis Schüler! Hei nach e puer flott Andréck vum Handwierksdag: