Een Abléck an d'Mediewelt vun der BBC:

De 24. Abrëll war ee Workshop vun der BBC hei am LTEtt organiséiert. Thema war d’Mediewelt an d’Schüler*Innen vun de Klassen 4GIG/3GSO1/3GSO2/3GSN/3GSNF/3GIGF an 3GCMP haten d’Chance un dësem interaktive Workshop, deen hinnen déi Englesch Sprooch op eng immens ënnerhalsam a lëschteg Art a Weis méi no bréngt, deelzehuelen.

An engem temporären TV-Studio, deen an eisem Festsall opgeriicht war, hunn d’Acteuren MC& Kiko ugefaangen ze erkläre wat genau hir Aarbecht ass an de Schüler een éischten Abléck an d’Mediewelt ginn. Dono krute verschidde Schüler Aufgaben zougedeelt an et gouf eng Medieproduktioun nogespillt.

Et war schéin ze gesinn mat wéi enger Begeeschterung d’Schüler participéiert hunn, et gouf vill gelaacht an e puer verstoppten Talenter sinn zum Virschäi komm 😊 Ouni ze mierken hunn si dee ganze Mëtten op Englesch kommunizéiert an sech dobäi super ameséiert! Et kann een also soen, dass de Workshop ee grousse Succès war!