Ee Bléck hannert d'Kulisse vun der Concertsorganisatioun:

Am Kader vun der Optioun «Sound», hunn d’Schülerinnen a Schüler vun de Klassen 2GSOF, 3GSOF,4GSOF & 4GSNF den 18. Mäerz d’Rockhal um Belval besicht.

D’Visitt huet hinnen en detailléierten Abléck an d’Organisatioun vu Concerte ginn. Si hunn entdeckt, wéi eng Beruffer et an der Museksindustrie ginn, wéi ee grousse Concert geplangt gëtt, wéi een international Kënschtler bookt, a wéi technesch Aspekter wéi Tounopnam a Mixing funktionéieren.

Eng flott Erfarung fir all Schüler, déi sech fir Musek, Tountechnik a Concertsorganisatioun interesséieren!