Merci fir d'Laanschtkommen op eiser Porte ouverte den 3. Mee!

Mir soen och all Mënsch Merci deen eis deen Dag ënnerstëtzt a gehollef huet, sief dat als Schüler, als Comité oder als Member vun eisem Personal!

Fannt hei e puer Andréck vun der Porte ouverte 2025: 

Natierlech waren eis verschidden Departementer duerch d’ganzt Gebai vertrueden an et konnt een un där enger oder anerer flotter Aktivitéit deelhuelen: 

Och eis Schüler hu mat vill Motivatioun eng Hand ugepak; sief et am Schülercomité, am S-Team, am FALT Team….

Hinne villmools Merci dass si sech Zäit geholl hunn dofir!