Thema den 13. Mee: Arbres à fleurs / Blütengehölze
Och den LTEtt mécht mat bei der LUGA! Start den 13. Mee mol ganz anescht an de Feierowend: vu 17-19 Auer invitéiere mir iech op e klengen After Work Walk duerch den Arboretum. Dir kritt op dësem Trëppeltour virun allem Informatiounen zu den “Blütengehölzen”. Loosst Iech iwwerraschen, wat et do alles am Arboretum ze entdecke gëtt! Um Site vun der LUGA fannt Dir weider Informatiounen.