Staarken Asaz trotz Reen – Eis Schülerinnen um Beachvolleyball-Championnat:
Gëschter hunn zwou engagéiert Schülerinnen aus dem LTEtt, d’Alessia T.(2GCG) an d’Camila B. (2GSOF), um offizielle Championnat „Beachvolleyball“ affiliées 2 contre 2 (FLVB) zu Lëntgen deelgeholl.
Trotz ongënschtege Wiederkonditiounen hu sech d’Alessia an d’Camila net ënnerkréie gelooss. Mat Teamgeescht a Spillwitz hu si um naasse Sand hiert sportlecht Kënnen gewisen, dat géint eng staark Konkurrenz. Am Ganzen hunn 12 Equippen aus ënnerschiddleche Schoulen a Veräiner matgemaach. Eis zwee Meedercher hu sech super geschloen a konnten sech um Enn déi 5. Plaz sécheren – eng flott Leeschtung, op déi si a mir als Schoul richteg houfreg kënne sinn! Mir gratuléieren dem Alessia an dem Camila häerzlech fir hir gutt Leeschtung a freeën eis d’Schüler och bei zukünftegen Tournoien z’ënnerstëtzen!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy