Eng gelonge Podiumsdiskussioun!

Den 11. Juni hunn d’Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 2GSO1 a 2GSO2 am Kader vun der Optioun «Be active, be creative in politics» eng ambitiéis a professionell Podiumsdiskussioun bei eis am LTETT organiséiert, bei där sech fënnef Politikerinnen a Politiker Zäit geholl hunn, fir iwwer d’Zukunft vun Europa kontrovers ze diskutéieren. D’Themeronnen hu sech em eng EU-Verdeedegungsarméi, eng mënschlech Migratiounspolitik an d’Zukunft vun den EU gedréint. Mat dobäi waren d’Melina Fellens (DP), d’Martine Kemp (CSV), de Maurice Schwarz (LSAP), de Michel Lemaire (ADR) an d’Stéphanie Empain (Déi Gréng).

An dräi groussen Themeronnen hunn d’Schüler selwer erstallte Videoe gewisen, Froe gestallt, de Sall mat Stëmmungsbaromètre mobiliséiert a selwer als Moderatiouns- a Technikteam geschafft.

D’Publikum huet gespaant nogelauschtert, d’Diskussioun war engagéiert a respektvoll, an d’Schülerinnen a Schüler hu gewisen, dass si sech mat komplexe gesellschaftleche Froen eescht an differenzéiert auserneesetzen kënnen. Och wann d’Organisatioun eng kleng Erausfuerderung war, war et en intensiven a gelongene Moment vu politescher Bildung an Zesummenaarbecht.

E grousse Merci un all déi, déi op oder hannert der Bün aktiv waren – et war en Event, op deen een houfreg ka sinn.

Skip to content