Léif Enseignant’en,
Et ass eis eng Freed, Iech an Är Klass op eng immersiv Theatererfarung anzelueden déi Ufank Dezember 2025 wäert stattfannen.
De Spektakel LES TRAVERSEES behandelt d‘Realitéite vu bewaffnete Konflikter a stellt dobäi d’Mënschlechkeet an de Mëttelpunkt.
Dëse Projet gëtt vun der Aide internationale vum Lëtzebuerger Roude Kräiz a Kollaboratioun mat der Theatercompagnie JUCAM organiséiert.
Am Anhang fannt Dir e Save the Date mat allen wichtegen Informatiounen iwwer de Projet an säin edukative Kader.
D’Umeldunge ginn am September 2025 mat der Rentrée op. Zu deem Zäitpunkt kommen weider praktësch Informatiounen (Dauer, Ufahrt, etc.) a mir stellen Iech och all néideg Detailer fir d’Aschreiwung, Affichen an en Dossier pédagogique zur Verfügung.
Mir stinn Iech gären zur Verfügung fir all Froen oder weider Detailer, a géifen eis freeën, wann Dir dës Invitatioun un intresséiert Kollegen weiderleet.
Mir wënschen Iech eng erhuelsam a schéi Summerpaus!
Matt beschte Gréiss,
Béatrice Winandy
Gestionnaire de projets (absente les après-midi)
Diffusion du droit international humanitaire
Aide internationale de la Croix-Rouge luxembourgeoise
2, rue Nicolas Bové – L-1253 Merl-Luxembourg
GSM : (+352) 661 49 30 24
beatrice.winandy@croix-rouge.lu
Santé – Social – Jeunesse – Humanitaire
helpline croix-rouge 2755