Exercice d'évacuation - Haaptgebai an Annexen A, B, D

Wéini ? Dënschdes, den 23. September 2025: 

  • 09h20 : Bâtiment principal
  • 10h30 : Annexes A, B, D

Eis Erklärungen dozou (Link):

Hei ass sinn eis Erklärungen fir dëst Joer fir d’Enseignanten. De Personnel non-enseignant kritt nach weider Informatiounen separat geschéckt.

Laut dem Reglement iwwert d ‘Sécherheet an de Schoulen musse mir pro Joer zwou Evakuatiounsübungen maachen. Fir datt dës Exercicer reibungslos oflafen an och fir an engem Eeschtfall Panik ze vermeiden, biede mir Iech ëm Är Mataarbecht. Dir fannt hei déi Haaptpunkten, déi ze berücksichtegen sinn :
  • Maacht är Schüler op déi generell Verhaalensregelen opmierksam
  • Wann den Alarm ausgeléist gëtt : dat ganzt Gebai evakuéieren (inklusiv Proffekonferenz, SEPAS, Kantin, Sekretariat, etc.)
  • Informéiert Iech am viraus op wéi engem Fluchtwee dir d ‘Gebai musst verloossen an wou de Versammlungspunkt ass (cf. Evakuatiounsplang an den Klassesäll oder um Gank)
  • Kuckt Iech och no engem alternativen Fluchtwee ëm (falls den geplangten Fluchtwee am Eeschtfall blockéiert sollt sinn)
  • Bei der Evakuatioun bleiwen den Schüler an den Proffen hier Saachen an den Klassesäll (Den Handy däerf mat erausgeholl ginn
  • Et dierf nët gefëmmt ginn (Explosiounsgefor)
  • Mellt Schüler déi Hëllef brauchen (z.B. mobilité réduite) bei der Direktioun oder beim Comité de Sécurité. Dës Schüler bleiwen wärend der Evakuatioun beim Trapenhaus vum Haptgebei stoen, bis ee se sichen kënnt.
  • An der Rue Tony Schmit muss all Enseignant mat sengen Schüler esou wäit wéi méiglech an d’Strooss erof goen. Et dierfen keng Schüler op der Waarkenerstrooss stoen.
  • All Enseignant ass responsabel fir seng Klass. Feelt e Schüler, dee virdrun an der Klass wor, op der Versammlungsplaz, muss dat der Direktioun oder der Équipe de sécurité gemellt ginn
  • Schüler aus enger selwechter Klass bleiwen bis zur Entwarnung zesummen (den Klassendelegéierten geet vir, den Titulaire geet hannendrun)
  • Wärend der Evakuatiounsübung dierfe keng Autoen den Parking verloossen oder op den Parking drop fueren
Skip to content