Opruff un d'Regenten:

Léif Régenten,

Ech kontaktéieren Iech am Kader vum Projet “Schüler hëllefe Schüler”.

D’Iddi ass, datt Schüler vun de Supérieursklassen (4e – 1e) a Géigenleeschtung vun engem klenge finanzielle Bäitrag hire Kolleg*Innen aus den Inférieursklassen (7e – 4e) Nohëllef ubidden.

D’Aschreiwung fir interesséiert Schüler ass am SSE (Sall 023C) méiglech:

  • wärend de Pausen,
  • no de Schoulstonnen

Falls gewënscht, kann ech och gär perséinlech an d’Klass komme fir de Projet virzestellen. Natierlech kënnen interesséiert Schüler sech och zu all Moment direkt am SSE informéieren.

Ech soen Iech schonn am Viraus e grousse Merci fir Är Ënnerstëtzung a fir d’Hëllef, de Projet weiderzedroen.

Mat beschte Gréiss,

Bruno MESQUITA DIAS

Service socio-éducatif  

(Educateur diplômé)

Tel.: 81 92 01 – 220

Skip to content