Eng kulinaresch Entdeckungsrees duerch eisen Arboretum:

Gëschter huet et geheescht « Walking Dinner» an eisem schéinen Arboretum!
Knapp 50 Leit waren zesummekomm fir sech bei engem flotten Tour interessant Fakten iwwert dee kulinareschen Deel vum Arboretum vum Eike Jablonski erklären ze loossen. An et ass net nëmme bei den Explikatioune bliwwen, mee et gouf och villes geschmaacht! Sou zum Beispill Äppel an deene verschiddenste Faarwen a Formen, eng Zort war knapps esou grouss wéi ee Fangernol!🍎🍏
Nieft Szechuan Peffer gouf et och eng Planz déi engem d’Zong betäubt huet, do gouf natierlech net schlecht driwwer gestaunt! Och déi vum LTEtt ugeplanzten Drauwe goufe geschmaacht an et gouf ee Glas Äppeljus aus eisem Bongert, dee frësch vun eise Schüler gepresst gi war 🍇
Natierlech kruten eis Visiteuren och gewise vu wat een am beschten d’Fanger léisst, well net alles an der Natur wat ee plécke kann ass och geduecht fir z’iessen. Et war ee ganz interessanten, e bëssi aneren Tour duerch den Arboretum, bei deem vill Neies bäigeléiert gouf! Mir freeën eis schonn op deen nächsten! 😊
Skip to content