E staarkt Zeeche fir den europäeschen Zesummenhalt a Biodiversitéitsschutz!
De 5. Juni 2025 gouf de „Beedabei Kompass MegaStern“ am LTEtt Arboretum zu Ettelbréck opgeriicht – ee Konschtwierk aus 50 giele Beedabei-Këschten, déi mat beiefrëndleche Planze gefëllt waren. Dëst Evenement ass am Kader vun der LUGA 2025 realiséiert ginn an huet e staarkt Zeeche fir den europäeschen Zesummenhalt a Biodiversitéitsschutz gesat.
D’Kompassrous soll Orientéierung a Verbonnenheet symboliséieren a gouf speziell fir dëse Projet entwéckelt. Eng nei giel Rousen-Zort, déi speziell fir Beedabei gezillt gouf, gouf am Kader vum Evenement offiziell vun der Landwirtschaftsministesch, der Madame Martine Hansen, gedeeft a gewisen.
Nom Opriichten an Aweie goufen d’Këschten un de Public verdeelt, fir datt d’Konschtwierk sech symbolesch an der Gesellschaft “opléist” a seng Missioun an d’Privatraim droe kann. Beedabei steet domat fir konkret Engagement am Déngscht vun der Aartevillfalt.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy