Ee gelongenen Ofschloss vun der LUGA am Arboretum!

Gëschter Owend war den Ofschloss vun der LUGA am LTEtt Arboretum. Ugefaangen mat engem weidere flotten an informativen Trëppeltour fir déi interesséiert Leit, gouf et duerno e puer Usprooche vun eiser Direktioun, dem Buergermeeschter vun Ettelbréck, Bob Steichen a vun eisen Arboretum-Experten éier den Owend bei engem gudde Maufel an engem Patt ausklénge gelooss ginn ass. Niewebäi konnten d’Leit och ee flotte Video iwwert den Arboretum kucken – an dësem gesäit ee flott Biller vun uewen an déi wichteg Aarbecht déi vun eisem Service Technique geleescht gëtt fir dee ganze Site a Schoss ze halen.  Merci all deene Bedeelegten un dëser Produktioun! An och wann et gëscht geheescht huet «Closing Party» – haalt roueg wieder d’An op fir weider flott Tier an Evenementer am Arboretum!

Skip to content