Eng feierlech Zeremonie an der Maison du Savoir:

De 17. Oktober goufen am Grand Auditoire de la Maison du Savoir, um Campus Belval zu Esch-sur-Alzette d’BTS-Diplomer 2025 iwwerreecht. No Usproochen vun eiser Ministesch vum Héichschoulwiesen, der Madamm Stéphanie Obertin, souwéi der Madamm Kim Heuskin, Présidente de la commission BTS du Collège des Directeurs kruten d’Laureaten hier Diplomer an enger feierlecher Zeremonie iwwerreecht. Den LTEtt war dëst Joer mat 2 Schüler vertrueden, wourop mir ganz houfreg sinn. Mir wënsche sämtlechen Schüler alles Guddes fir hier Zukunft.