Am Kader vum “Startup Programme” vun der asbl Jonk Entrepreneuren war d’14ème BTS e Freideg, 10. Oktober dee ganzen Dag um Design-Thinking Workshop an der House of Startups an der Stad. Dës Formatioun huet hinnen erlaabt déi richteg Denkmethoden ze léiere fir op eng innovativ Iddi vun enger Startup ze kommen an dëse Projet dann am Laf vum Joer erfollegräich duerchzeféieren.
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy