Am Oktober stoungen direkt zwee Volleyball-Turnéier vun der LASEL um Programm!
Ugefaangen den 9. Oktober mam Championnat «Serniors Open 6 x 6» am LGL. Hei gouf eise Lycée vum Kahil W., Mirzai F., Óscar M., Moudhich S., Rodrigo M., David Gil S.,Samuel T. a vum Fynn S. vertrueden.
De 16.Oktober ass et dunn am Sand um Championnat vum «Beachvolleyball 3×3» weidergaang.
Matgespillt hunn hei d’ Maria Camila B., de Rodrigo M. an den David Gil S. vun der 2GSOF.
Eis Schüler hunn sech zwee Mol gutt geschloen an alles ginn, haten et bei der staarker Konkurrenz awer net ëmmer ganz einfach. Hinnen awer all ee grousse Bravo fir hir Motivatioun an hiren Asaz!
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy