Wéi propper sinn eis Baachen?

Den 20. Oktober hat d’1GSN eng méi speziell Schoulstonn – Trotz dem Reen hunn si d’Klassenzëmmer géint een Tour bei d’ Waark an d’Haupeschbaach getosch. Um Programm stoungen chemesch,hydrobiologesch a Gewässerstrukturanalysen – dëst kann engem weise wéi propper eng Baach ass. An hirer Analyse huet d’Waark besser ofgeschnidden; bei der Haupeschbaach gouf festgestallt datt déi leider ze vill iwwerdüngt ass. Et war een interessanten a léierräichen Nomëtteg fir jiddereen. Hei ee klengen Abléck an d’Aarbecht vun de Schüler: