LUGA 2025 am LTEtt-Arboretum

eng spannend Zäit voller schéiner Momenter geet op en Enn!

No enger schéiner a spannender Zäit ronderem d’LUGA, huet den LTEtt mat senge knapp 600 Visiteure ganz schéi Momenter an hierem Arboretum konnte festhalen.

Eis Arboretum-Experten, den Eike Jablonski an den Thomas Rob hunn den Arboretum mat ganz vill Leidenschaft duerch eng 20 verschidden Aktivitéiten, wei Féierungen, thematesch Spadséiergäng souwéi Virträg präsentéiert.

Vun der Geschichte vum Arboretum, Bléiengesträich, Iessbare Planzen, Klimabeem bis hin zu seelene Gehëlzer, war fir jiddereen eppes dobäi!

Eng 6ha Fläch mat 1000 verschiddenen Gehëlzer, wou ënner anerem rar Beemarten, eng 300m laang Bléiensträif an eng 130 nei Uplanzunge vun Uebstbeem a Gehëlzer stinn huet sech den Arboretum iwwert dat ganzt Joer a senge verschiddene Saisonskostümer präsentéiert.

Do riwwer eraus, konnten eis Schüler am Bongert Äppel rafen an des zu Viz pressen, wat des Platz zu enger leier – an erliewnisräicher Erfarung gemaach huet.

Fir den Ofschloss vun der LUGA, hu mir dëst mat enger Closing Party gefeiert, wou jiddereen nach eng Kéier d’Méiglechkeet hat bei enger Féierung deelzehuelen. Uschléissend hunn mir den Owend mat engem gudde Maufel an engem Patt ausklénge gelooss.