Versammlung vum CCL: Deel eis deng Observatioune mat a maach Proposen!

En Dënschden, de 25. November um 17.00 Auer ass d’Assemblée vum CCL (Comité de la Conférence du Lycée) am Festsall vum LTEtt oder fir déi, déi wëllen, och iwwer Teams.

Dat ass wéi all Joers fir jiddereen d’Geleeënheet fir eng Partie Froen, Iddien a Suggestioune betreffend den LTEtt, d’Gebai, de Fonctionnement, de Schoulrestaurant etc. lass ze ginn. Mir sammelen är Punkten a gi se dann der Direktioun weider an diskutéieren se.

Wann dir wëllt an der Teams-Assemblée dobäi sinn, mellt iech w.e.g. un andeems dir e Mail un ccl@ltett.lu maacht.

Opgepasst: d’Umeldung fir den Teams ass obligatoresch!

 >> Dir kënnt och zu all Moment  Remarken a Suggestiounen iwwert d’Mailadresse ccl@ltett.lu weiderginn.

Mir géingen eis freeën, iech de 25. November dierfen ze begréissen!

Bis geschwënn,

CCL 

Skip to content