De 5. Dezember huet de Patton Musée hei vun Ettelbréck, zur Occasioun vum 80. Doudesdag vum Generol Patton, eng Séance académique organiséiert. Am Kader vun der Optioun ‘Memory Walk’, déi dëst Joer fir Schüler*Innen vun den 3GSO- an 3GSN-Klassen am LTEtt ugebuede gëtt, sti mir a Kooperatioun mam Patton-Musée an 2 vun eise Schüler hunn dierfen eng interessant Ried, déi si zesumme mat hirem Enseignant Alain Penny geschriwwen hunn, virdroen. Am Publique souzen eng ganz Rei Éieregäscht: Membere vun der Patton Famill, verschidden Ambassadeuren, ënnert anerem aus Amerika, esouwéi d’Madamm Minister Hansen, d’Madamm Minister Backes, den Här Minister Thill, den Här Minister Gloden a Vertrieder vun der Gemeng Ettelbréck. Den LTEtt war duerch 2 Direktiounsmemberen vertrueden. Mir soen eise Schüler villmools Merci fir hier Bedeelegung un dësem wichtegen, historesche Sujet.
Ettelbréck a seng Schoulen am Zweete Weltkrich
D’Zäit vum Zweete Weltkrich war eng schwéier an däischter Zäit fir d’Lëtzebuerger, och fir d’Awunner vun Ettelbréck an Ëmgéigend. Vum Dag vun der Invasioun, dem 10. Mee 1940 un, huet déi däitsch Besatzungspolitik den Alldag vun de Lëtzebuerger geprägt, an dëst a ganz ville Beräicher vum privaten a gesellschaftleche Liewen.
Mir wëllen haut kuerz op d’Schoulen zu Ettelbréck wärend dem Zweete Weltkrich agoen:
Wat ass mat hinne geschitt?
Wéi goufen si vun den Däitsche fir hier Zwecker benotzt?
Wat huet dat fir d’Schüler bedeit?
Wéi de Krich ugefaangen huet, gouf et follgend Schoulen zu Ettelbréck:
• D‘Primärschoul
• déi jiddesch Schoul niewent der Synagog
• d’Sainte-Anne
• an d‘Ackerbauschoul
Eis Schoul, dat heescht de Lycée Technique, gouf et deemools nach net.
Als éischt huet déi jiddesch Gemeinschaft zu Ettelbréck, eng vun de gréissten am Land, d’Nazi-Herrschaft ze spiere kritt: nach am Joer 1940 gëtt hier Schoul zougemaach, d’Synagog verwüüst an d’Famillen no an no verdriwwen, deportéiert an e groussen Deel vun hinnen ëmbruecht.
D’Ettelbrécker Primärschoul leeft am Ufank nach ouni gréisser Changementer virun. Am Fréijoer 1941 kréien d’Schwësteren aus der Sainte-Anne awer verbueden, Unterrecht an der Primärschoul ze halen. Kuerz duerno gëtt d’Kräiz an de Klassesäll duerch en Hitler-Bild ersat, et kommen nei Programmer, ouni Franséisch-Cours, dofir awer mat „Leibesübungen“, also Sport als Haaptfach. Fir dëst korrekt ëmzesetze ginn dräi Däitscher, zwee Schoulmeeschteren an eng Joffer, zu Ettelbréck agesat.
Am Hierscht 1944, no der éischter Befreiung duerch d’Amerikaner, ass den Unterrecht erëm wéi fréier opgeholl ginn. No der Ardennen-Offensiv huet et allerdéngs méi laang, nämlech bis Abrëll 1945 gedauert, bis den Unterrecht konnt weidergoen. Ab Hierscht 1945 gouf et dunn nees e gereegelte Betrib an der Ettelbrécker Primärschoul.
Déi zwou weiderféierend Schoulen, d’Sainte-Anne an d’Ackerbauschoul, hunn de Krich net esou glimflech iwwerstan wéi d’Primärschoul.
D’Pensionat war iwwert de ganze Krich eng Ulafstell vu ville verschiddene Leit an huet eng wichteg Roll am Apparat vun de Besatzer gespillt. Vill Evakuéierter aus dem Süde vu Lëtzebuerg koumen no der Invasioun vun 1940 hei ënnerdaach. Am Laf vum Schouljoer 1940-41 sinn et dunn di däitsch Besatzer, déi sech hei annisten an de Betrib vun der Sainte-Anne-Schoul no an no onméiglech maachen. Enn 1940 plënnert d’NS-Frauenschaft an d’Gebai, am Mäerz 1941 ginn d’Schoulschwësteren fortgeschéckt an et gëtt eng Lehrerbildungsanstalt hei ageriicht, d.h. eng Schoul fir Schoulmeeschteren auszebilden. Aus der kathoulescher Schoul gëtt domat en Instrument vun der nationalsozialistescher Ideologie gemaach; och hei ginn d’Kruzifixen ewechgeholl, et gi Frühsport, Fahnengruß an Heimabende agefouert. Amplaz vun de reliéise Lidder ginn elo déi vun der Hitlerjugend gesongen.
D’Schüler vun dëser Lehrerbildungsanstalt ware virun allem Lëtzebuerger, wouvun der awer eng ganz Rei sech net ënnerkréie gelooss hunn an heemlech an der Resistenz täteg waren. E puer vun hinnen hu misse mat hirem Liewe bezuelen.
Am September 1944 war et du séier eriwwer mam NS-Kult: no den Däitschen ass e Regiment vun der US-Arméi an och di Lëtzebuerger Miliz an d’Pensionat agezunn. D’Schwësteren huelen am Laf vum Hierscht de Schoulbetrib erëm op, bis dann den 18. Dezember déi däitsch Offensiv vill Misär iwwer Ettelbréck bréngt. Trotz Schied um Gebai gëtt am Pensionat eng Suppenküche ageriicht, am Refectoire gi Masse gehalen, als Ersatz fir déi staark beschiedegt Kierch, an et gëtt den 23. Januar eng Feier fir Nationalfeierdag ofgehal. Bis an den Hierscht 1945 dauert et, bis de gereegelte Schoulbetrib erëm leeft.
Ähnlech ergaang ass et der Ackerbauschoul: Ufank 1941 gëtt de landwirtschaftleche Schoulsystem vun den däitsche Besatzer ëmgebaut, sou dass net manner wéi 5 verschidde Schoulen do ënnerbruecht ginn, dräi dovu mat eegenem Internat. Dat verhënnert awer net, dass am Joer 1943 nach en däitscht Lazarett do ageriicht an de Site vun der Schoul fir Opmärsch vun der SA an der Hitlerjugend genotzt gëtt.
Am Januar 1944 flitt eng amerikanesch Fligerbomm an de Labo vun der Ackerbauschoul, déi zwar net explodéiert, mee e risegt Lach hannerléisst.
No der Befreiung am September kënnt en amerikanescht Lazarett an d’Gebai. Op Chrëschtdag 1944 falen dann nees Bommen op d’Ackerbauschoul, woubäi déi Kéier de ganzen Daach verbrennt. Dat féiert dozou, dass de Schoulbetrib eréischt ab dem 23. Mee 1945 erëm lues ulafe kann.
Dass d’Schüler aus der Ackerbauschoul en héije Präis hu misse bezuelen, dat beweist d’Monument an der Entrée vum Schoulgebai: 29 Nimm vu fréiere Schüler, déi am Krich gefall sinn, stinn op dëser Gedenktafel. D’Plaz virun der Schoul erënnert haut mat hirem Numm „Place de la Jeunesse Sacrifiée” un d’Affer vun der Jugend vun deemools.
En anere bleiwende Schued, deen de Krich bei de jonke Lëtzebuergerinnen a Lëtzebuerger hannerlooss huet, sinn d’Lücken am Wëssen an an der Bildung: Véier Joer kee Franséisch-Cours, vill a laang Ënnerbriechungen duerch Evakuatioun, Arbeitsdienst an Zwangsrekrutéierung, dat ass och e ganz héije Präis, deen d’Jugend bezuelt an hiert weidert Liewe markéiert huet.
Dofir loosst eis all doru schaffen, dass et net méi zu esou enger schlëmmer Zäit kënnt.
Merci.
Text vum Alain Penny, zesumme mat de Schülerinnen a Schüler vun der Optioun Memory Walk aus dem Lycée Technique vun Ettelbréck (November 2025).
Quellen:
• Dondelinger, W., Muller, A., Dockendorf, R., & Krier, T. (2020). Zeugnisse jüdischen Lebens. Jüdische Bevölkerung in Ettelbrück. Zum Gedenken an eine einst blühende Religionsgemeinschaft. A.s.b.l. Al Synagog Ettelbréck.
• Flies, J. (1970). Ettelbrück: Die Geschichte einer Landschaft. Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
• Lycée Technique Privé Sainte-Anne, (1992). Célébrer un temps de jubilés, 1852-1992. LTPSA, Ettelbruck.
• Poecker, T, & Fey, F. (2017). 85 Joer an der Kinnekswiss: 1932-2017. LTA, Ettelbruck.