Léieren, wéi eng Partei fonctionéiert? Den Alldag vun engem Deputéierte kenneléieren?

D’3GCMP hat viru kuerzem d’Méiglechkeet am Kader vum Atelier “MyChamber” fir hir eege Partei ze grënnen an hiren eegene Walprogramm opzestellen, mat deene Sujeten, déi hinnen um Häerze léien. Esou konnte si hautno erliewen, ewéi d’Politik zu Lëtzebuerg fonctionéiert a wéi schwiereg et awer heiansdo ass, a Gruppen e Konsens ze fannen.

No enger kuerzer Mëttegpaus, kruten d’Schüler dunn nach Besuch vun zwee Deputéierten (Paulette Lenert, Jeff Boonen), déi si mat hire Froe lächere konnten. Doropshin ass et nach an d’Chamber gaangen, wou d’Schüler de Parteie live an enger Sëtzung iwwert de Projet Alpha nolauschtere konnten.

Skip to content