Bei den Aktivitéite vu „Medien erliewen“ tauche Kanner a Jugendlecher an d’Welt vum Film an der Fotografie an. Mat Hëllef vun techneschen Accessoiren (iPad’s, Stativer, Luuchten, Mikroen, Greenscreen etc.) an ënnerschiddleche Kulisse kënne si hir Kreativitéit ausliewen an hir Iddien ëmsetzen. D’Gestaltung vun eegenen audio-visuelle Medieproduiten ass de roude Fuedem vun all Aktivitéit.
Esou léieren si net nëmme verschidden Technike kennen, mee kréien och en Abléck an déi verschidden Aufgaben- a Verantwortungs[1]beräicher vu Schauspiller, Regisseuren, Kameratechniker oder Journalisten. Un den eenzelen Etappe vun de Medieproduktiounen huelen si aktiv deel! Do dernieft spillt awer och d’Léieren iwwert d’Medien an de kriteschen Ëmgang mat dësen eng wichteg Roll.