Wann de Wanter sou lues op en Enn geet an d’Natur lues a lues aus hirem Schlof erwächt, dann ass et Zäit, mat denger Klass um Projet “Hello Spring” deelzehuelen! Hei geet et drëms, d’Natur aktiv z’erkennen an déi heemesch Fauna a Flora besser kennen ze léieren.
De Projet besteet aus zwee Deeler:
Um Enn vum Projet “Hello Spring” ginn dann déi fläissegst Schüler a Schülerinnen resp. Klasse mat engem klenge Präis belount.
Hues du Loscht, mat denger Klass matzemaachen? Dann schwätzt mat ärem Enseignant oder ärer Enseignante an de Naturwëssenschaften a mell iech un!
Den Organisatiounsgrupp vum Projet “Hello Spring” freet sech schonn op är Observatiounen!
Am ESC an am ESG leeft d’Aschreiwung iwwert d’Léierpersonal an de Naturwëssenschaften, dat seng ganz Klass umellt. Eng detailléiert Beschreiwung vun der Aschreiwungsprozedur fannt dir hei.