Be active, be creative in politics!

An der Optioun “Be active, be creative in politics” hu Schülerinnen a Schüler aus de Klassen 4GSOF, 4GSNF a 4GIGF um Atelier „Mes lunettes – Tes lunettes?! Es-tu comme je te vois?!“ vum ZpB deelgeholl. Am Kader vun dësem interaktive Workshop hunn d’Schülerinnen an d’Schüler sech aktiv mat de Themen Diskriminatioun, Virurteeler a Privileegien auserneegesat. Duerch Diskussiounen, konkret Beispiller an Austausch vu Perspektiven hu si geléiert, wéi ënnerschiddlech Erfarungen an „Blécker“ d’Perceptioun vun der Realitéit beaflossen. Den Atelier war ganz interessant, lieweg an interaktiv a gouf de Schüler*innen d’Méiglechkeet, kritesch nozedenken, hir eege Meenungen ze hannerfroen an Bewosstsinn fir Diskriminatioun am Alldag z’entwéckelen. Eng beräicherend Erfarung, déi vill Denkustéiss ginn huet an d’Wichtegkeet vu Respekt, Empathie a gesellschaftlechem Engagement ënnerstrach huet.

Enseignants: Véronique Krettels, Max Rodenbourg

Skip to content