No laanger Zäit huet den 22. Januar 2026 eng Dammenekipp vum LTETT un engem Volleyball-Turnéier vun der LASEL deelgeholl. Trotz staarker Konkurrenz hunn d’Spillerinnen eng gutt Leeschtung gewisen a sech couragéiert präsentéiert.
Mat vill Asaz a Teamgeescht konnt d’Ekipp um Enn eng 9. Plaz erreechen. Fir hir éischt Participatioun war dëst e gelongene Start a virun allem eng wäertvoll Erfarung.
Mir gratuléieren de Spillerinne fir hiert Engagement a wënschen hinne vill Erfolleg fir déi nächst sportlech Erausfuerderungen!
Matgespillt hunn: D’ Bruna F., d’Paola V. an d’ Sabelle H. vun der 4I-FR-F, souwéi d’Julia C. vun der 4GIGf an d’Aessia T. vun der 1GCG
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy