De CAPE op Besuch am LTEtt:

Zesumme mam CAPE ass an de Méint Dezember bis Januar e Projet am LTEtt gelaf, wou d’Kultur an d’Schoul bei déi Jonk kënnt.

Mat enger Begleetklass konnten d’Kënschtler am Klassesall engersäits hiert Stéck aprouwen an anerersäits dëst mat de Schüler beschwätzen. Et behandelt Theme wéi Verlooss ginn, Zäit, Mediekonsum, Sucht, Mobbing an Immigratioun.

Déi Jonk konnte sech sou net nëmmen zu dësen Themen äusseren, mee kruten och en Abléck wéi sou eng Produktioun astudéiert gëtt a wat fir eng Aarbecht dohannert stécht.

No der Generalprouf a Première an hirem Klassesall ass d’Stéck „Mat dir“ dunn nach op anere 5e-Klassen am LTEtt opgefouert ginn an zitt an den nächste Méint duerch weider lëtzebuerger Lycéeën.

De Schüler vun der 5G3 ee Merci fir heirt gutt Matschaffen an dem CAPE ee grousse Merci fir déi flott Zesummenaarbecht!

Eng kuerz Beschreiwung vum Stéck “Mat dir!”: 

Am Stéck Mat dir! wat extra fir de Klassesall konzipéiert gouf, erlieft d’Schülerin Isa eng schwiereg Zäit voller Zweiwel an Desorientéierung nodeems seng Eltere sech gescheet hunn a geplënnert sinn. Nëmmen d’Begéinung mat engem spezielle Mënsch mécht him d’Aen op fir Léift, Hoffnung an d’Méiglechkeet, zesummen eppes ze änneren, zesummen mat dir – eng Geschicht iwwer perséinlech a gesellschaftlech Erausfuerderungen.

Text, Regie Olivier Garofalo  Schauspill Betsy Dentzer  Musek Frin Wolter (Akkordeon)  Produktioun CAPE – Centre des Arts Pluriels Ettelbruck

Skip to content