Comte de Monte-Cristo:

D’Theateroptioun vun de 4G Francophone-Klassen huet de 25. a 26. Februar de CAPE am Kader vum Stéck «Comte de Monte-Cristo» besicht.

Den éischten Dag stoung ee Workshop um Programm; hei konnten d’Schüler*Innen zesumme mat engem vun den Acteuren de Métier entdecken a sech och op der Bün ausprobéieren.

Den zweeten Dag war dunn den Dag vum Spektakel selwer a si konnten d’Acteuren hautno beobachten an déi exceptionell Mise en scène bestaunen.

D’Schüler*Innen sinn ëmmer rëm begeeschtert, wann si déi Methoden déi mir am Kuer mat hinnen ausschaffe live op der Bün gesinn a si hunn sech vill nei Iddie mat op hire Wee geholl.

Begleedung: Laura Steffen

Skip to content