Ee weideren interessanten Austausch am Kader vum Erasmus-Projet "Wind@school"

Am Kader vum ERASMUS Projet Wind@school hu Schüler a Léierpersonal vum LTEtt zesumme mat verschiddene europäesche Schoulen eng spannend a léierräich Woch a Kroatien erlieft.

Participéiert hu Schoulen aus Éisträich, Däitschland, Rumänien a Kroatien, wou d’Theme Wandkraaft, Innovatioun, europäesch Wäerter a kulturellen Austausch am Mëttelpunkt stoungen.

Den éischten Dag hunn sech d’Participanten an der Schoul Srednja škola Dugo Selo kennegeléiert, d’Schoul besicht a Presentatioune vum Schoulalldag an de Partnerlänner gesinn. Eng Presentatioun vun enger lokaler Firma huet en Abléck an d’Wandenergie a Kroatie ginn. De Programm gouf mat enger Stadvisitt duerch Zagreb ofgerënnt.

En aneren Highlight war de Besuch bei Rimac Automobili, wou d’Schüler modern elektresch Gefierer an innovativ Batterietechnologien kennegeléiert hunn. Duerno hunn si an Atelieren zu Samobor, an enger Beruffsschoul, iwwer Solarenergie, Wandkraaft an Energieeffizienz geschafft.

En Ausfluch an den Nationalpark Plitvicer Séien huet de Participanten déi impressionant Natur vu Kroatie méi no bruecht an d’Wichtegkeet vum Naturschutz gewisen.

Zum Schluss hunn si eng Schoul zu Ivanic-Grad besicht, wou an internationale Gruppen iwwer europäesch Wäerter diskutéiert an zesummen un engem kreative Workshop geschafft gouf.

D’Mobilitéit huet den Austausch tëscht de Schüler gestäerkt a vill nei Erfarungen an international Frëndschafte bruecht!

Skip to content