De CAPE - ee Konscht- a Kulturzenter mat ville Méiglechkeeten!

En Dënschden, 10. Mäerz, war d’2TPCM1 fir eng Visite am CAPE zu Ettelbréck. Hei huet d’Madame Weitze, Médiatrice culturelle vum CAPE, de Schüler a Schülerinnen de CAPE a seng Spezifizitéiten erkläert a gewisen. D’Schüler waren à la Base op der Sich no engem ofgedonkelte Raum fir ee Video ze dréine fir eng Social Media Challenge vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg.  D’Madame Weitze an de Régisseur général, Jérôme Goujet, hunn de Schüler all déi potentiell Räim gewisen an  d’Funktiounen erkläert déi si fir hire Videodréi notze kéinten.  D’Haaptbün wier fir hire Projet am beschten, leider ass et do awer schwéier eng Disponibilitéit ze fannen. Schlussendlech hu si mam Studio en adequate Raum fonnt an deem si hire Video dréie kënne. Mir soen dem CAPE villmools Merci fir des Méiglechkeet.

Skip to content