E Freideg, den 13. Mäerz, haten dräi Klassen (4GSO2, 4GCMF an 3GCMFP) Besuch vun enger vermeintlecher Influencerin. An hirem Virtrag huet si iwwer hir fréier Schoulzäit geschwat an dobäi och sensibel Themen ewéi Grossophobie, Harcèlement an Diskriminatioun ugeschwat.
Zum Schluss gouf d’Iwwerraschung opgedeckt: Bei der Influencerin huet et sech tatsächlech ëm eng Schauspillerin gehandelt. Dës Interventioun war Deel vun engem immersiven Klassenzëmmerstéck mam Titel « Mirror(s) » vum Escher Theater.
D’SchülerInnen goufen dobäi dozou ugestouss, hiert eegent Verhalen an hir Alldagsaktiounen – souwuel an der Schoul wéi och an de soziale Medien – kritesch ze reflektéieren.
(Op der Foto: 4GSO2) Organisatioun: Laura Steffen
This website uses cookies to improve your experience. We'll assume you accept this policy as long as you are using this websiteAcceptView Policy