Am Kader vum Optiounsfach „Nohaltegkeet an Ëmweltbewosstsinn“ huet d’Klass, déi aus sëllege Schüler vun de Klassen 4GSO1, 4GSO2, 4GSO3, 4GIG a 4GSN besteet, zu Colmer-Bierg de Site vun der Superdreckskëscht besicht.
No enger allgemenger Aféierung an d’Geschicht vun der Superdreckskëscht goufen d’Gileten an d’Sécherheetsbrëller ugedoen, fir den Tour duerch hiert Lager ze starten.
Op dem aus Sécherheetsgrënn virgezeechente Piedchen hunn d’Schüler sech op de Wee duerch d’Hal gemaach, tëscht Kanisteren, Këschten, Camionen a Gaabelstapler erduerch.
Si kruten erkläert, wéi eng Problemstoffer d’Superdreckskëscht sammelt (Batterien, Medikamenter, Spraydousen, Faarfreschter, Chemikalien, …), wéi d’Lagerhal opgebaut ass, wéi se securiséiert ass am Fall, dass ee geféierleche Stoff géing auslafen oder Feier fänken an och wéi eng Sécherheetsmesuren fir d’Mataarbechter, déi domadder schaffen, en Place gesat goufen.
D’Schüler hunn hei och den interessante Begrëff vum „Ressourcepotential“ erkläert kritt, deen ausseet, wéi vill vun engem Stoff erëm verwäert ka ginn.
D’Schüler hunn deemno gesinn, wéi wichteg Recycling ass, deemno den Dreck korrekt ze trennen an och Problemstoffer net einfach am Restmüll ze entsuergen.